1. Etapp // Karlsruhe - Rumbach

Déi éischt Etapp féiert nach iwwert relativ flaachen Terrain, an deem awer ee relativ héigen Tempo gehale gëtt fir scho moies fréi sou vill wéi méiglech Kilometer hannert sëch ze kréien. Well den Terrain sou flaach ass musse mer do awer heefeg mam Wand kämpfen, sou dass den "belgischer Kreisel" zum Asaatz kënnt. "Wer Rückenwind hat, fährt zu langsam."

km Uertschaft
0  Karlsruhe
5  Mühlburg-Knielingen-Rheinbrücke
10  Wörth
26  Schaidt
27  Steinfeld
38  Wissembourg
43  Weiler
48  Bobenthal
51  Niederschlettenbach
54  Bundenthal (Pavé)
58  Rumbach

2. Etapp // Rumbach - Hornbach

No deem flaachen Deel kommen dann an der zweeter Etapp déi éischt Steigungen, woubäi vereenzelt ganz gëfteger dobäi senn sou dass spéitsdens beim éischte Bierg den Peloton an 2-3 Gruppen gespléckt gëtt. "Das kleine Kettenblatt ist ein Anzeichen von Schwäche."

km Uertschaft
58 Rumbach côte
65 Fischbach côte vun 12km
82 Eppenbrunn
86 Trulben côte
89 Kröppen
93 Stausteinerhof
99 Riedelberg descente-côte
105 Mauschbach
107 Hornbach

3. Etapp // Hornbach - Fechingen

Befir et op d'Mëttespaus geet steet nach mat der drëtter Etapp dee biergegsten Deel vun der Velosheemrees um Programm. D'Côte no Rubenheim ass déi Längsten déi ze bewältegen ass an mat schon wäit iwwer 100km um Tachometer ginn aus deenen 2-3 Gruppen, déi no all Paus awer ëmmer nees zesummen fannen, lues a lues Eenzelkämpfer am Bierg. "Zuerst kommt die Arbeit und das Vergnügen, dann kommt die Abfahrt!"

km Uertschaft
107 Hornbach côte-descente
112 Altheim
114 Neualtheim
119 Walsheim
121 Gersheim
124 Herbitzheim
125 Rubenheim côte
130 Erfweiler-Ehlingen
133 Ormesheim
138 Eschringen
142 Fechingen

4. Etapp // Rehlingen - Réimech

No der Mëttegpaus zu Saarbrécken ginn e puer Kilometer iwwert d'Autobunn mat de Camionette gefuer, well een dat Stéck nëmme schwéier mam Vëlo zeréckleeë kann. Déi véiert Etapp ass dann trotz der Erhuelung während der Mëttespaus eng realtiv eekleg. Manner wéinst dem Terrain deen zwar welleg ass mee awer keng laang Steigungen huet, mee ganz einfach well een zu deem Zäitpunkt schon eng ganz Réi Stonnen um Suedel soutz. Eenzeg Motivatioun ass déi, dass d"Bréck zu Réimech an domat Lëtzebuerg an déi nächst Paus mat all Emdréiung méi no kënnt. "Quäl dich du Sau!"

km Uertschaft
182 Rehlingen
192 Hilbringen
195 Schwemlingen
198 Weiler
200 Büdingen, Wellingen
208 Tünsdorf
209 Büschdorf
213 Borg
221 Nennig
223 Remich

5. Etapp // Réimech - Luxembourg-Ville

Déi fënneft a läscht Etapp geet emmer relativ vum selwen. Éischtens well een do d'Ziel wierklech knapp firun Aën huet an sech schon ausmoole kann wëi et sech ufillt de Velo fir haut an den Eck ze stellen, aanerersäits awer och well eis Ancien'en eis wonnerbar ënnerstëtzen an ganz wäertvollen Wandschied vun Réimech bis an Stadt. "Nach der Tour ist vor der Tour."

km Uertschaft
223 Remich
226 Stadtbredimus
250 Luxembourg-Ville