Zanter 38 Joer

An engem Dag vu Karlsruhe op Lëtzebuerg fir de gudden Zweck

38 Joer

Nodeems sech am Joer 1986 e puer Velosport-begeeschterter ënnert de lëtzebuerger Studenten zu Karlsruhe (AELK) zesummefonnt haten fir de Wee vu Karlsruhe op Lëtzebuerg mam Velo statt mam Auto oder mam Zuch ze fueren, ass d'Velosheemrees mëttlerweil zu enger Traditioun bei der AELK ginn. All Joer fannen sech op en Neits eng Rei Coureuren, déi sech an aller Fréih zu Karlsruhe mam Coursevelo, oder och alt mam normalen Stadtsvelo, a Richtung Lëtzebuerg op de Wee maachen.

Am Joer 2023 hu mir lo déi grouss Freed fir 36 Joer AELK Velosheemrees ze feieren.

Säit e puer Joer maache mer dat Ganzt awer net méi nëmmen aus sportlechem Éiergäiz mee mir verbannen et och mam gudden Zweck. All Coureur kann vun engem Parrain oder enger Marraine ënnerstëtzt ginn. Pro gefuerenem Kilometer verpflicht sech den Parrain oder d'Marraine eng fräi wielbar Somme un eisen Projet ze spenden. Wee sech net sëcher ass zu wéi enger Distanz eis Coureuren fäheg sinn dee kann selbstverständlech och einfach een Don maachen. Dest Joer ënerstetzen mir Fondatioun kriibskrank Kanner. Hiert Zil ass et, dass d’Kanner an de beschte Konditiounen a mat der beschtméiglecher medezinescher Versuergung opwuessen. Sie ënnerstëtzen och d'Fuerschung géint den Kriibs.

Donieft freeën mir eis och iwwer all direkt organisatoresch Ënnerstëtzung vun eise Sponsoren, sief et materiell oder finanziell.

Dir wëllt matfueren? Dann mellt iech hei un: https://aelk.lu/aktiviteit/76

Don | Parrainage

ënnerstëtzt och dir de Projet

Formular fir een Don

Dat as ee feste Betrag Suen

Ech machen en Don

Formular fir ee Parrainage

Dir ënnerstëtzt e bestëmmte Coureur mat engem Betrag pro 10km oder engem fixe Betrag

Ech machen e Parrainage

Donnée fir d’Iwwerweisung

Swift Code (BIC): BGLLLULL
IBAN LU08 0030 0861 5351 0000
Référence bäi engem Don:
Don Velo + ären Numm
Référence bäi engem Parrainage:
Par “Numm vum Coureur” Velo + ären Numm

Sponsoren Vëlosheemrees

Parcour

Vëlosheemrees fu Karlsruhe op Lëtzebuerg 250km a 5 Etapen

1. Etapp (58 km)

Karlsruhe - Rumbach

2. Etapp (49 km)

Rumbach - Hornbach

3. Etapp (35 km)

Hornbach - Saarbrécken

4. Etapp (41 km)

Rehlingen - Réimech

5. Etapp (27 km)

Réimech - Luxemburg


GPX Datei KMZ Datei



Geff Coureur

Klamm moies fréi um 5 Auer zu Karlsruhe mat op de Velo

Infoen zum Parcours Umellen