Zanter 32 Joer

An engem Dag vu Karlsruhe op Lëtzebuerg fir de gudden Zweck

32 Joer

Nodeems sech am Joer 1986 e puer Velosport-begeeschterter ënnert de lëtzebuerger Studenten zu Karlsruhe (AELK) zesummefonnt haten fir de Wee vu Karlsruhe op Lëtzebuerg mam Velo statt mam Auto oder mam Zuch ze fueren, ass d'Velosheemrees mëttlerweil zu enger Traditioun bei der AELK ginn. All Joer fannen sech op en Neits eng Réi Coureuren, déi sech an aller Fréih zu Karlsruhe mam Coursevelo, oder och alt mam normalen Stadtsvelo, a Richtung Lëtzebuerg op de Wee maachen.

Am Joer 2018 hu mir lo déi grouss Freed fir 32 Joer AELK Velosheemrees ze feieren. Lass geet et den 6. Juli 2018 ëm 5:00 moies fréi zu Karlsruhe an da fueren mer mat 4 Tëschestopps op Lëtzebuerg.

Säit e puer Joer maache mer dat Ganzt awer net méi nëmmen aus sportlechem Éiergäiz mee mir verbannen et och mam gudden Zweck. All Coureur kann vun engem Parrain oder enger Marraine ënnerstëtzt ginn. Pro gefuerenem Kilometer verpflicht sech den Parrain oder d'Marraine eng fräi wielbar Somme un eisen Projet ze spenden. Wee sech net sëcher ass zu wéi enger Distanz eis Coureuren fäeg sinn dee kann selbstverständlech och einfach een Don maachen. Dest Joer ënerstetzen mir d'Trauerwee A.S.B.L. Si hëllefe Kanner a Jugendleche mam Doud vun enger nostoender Persoun ëmzegoen.

Donieft freeën mir eis och iwwer all direkt organisatoresch Ënnerstëtzung vun eise Sponsoren, sief et materiell oder finanziell.

Dir wëllt matfueren? Dann mellt iech hei un: https://aelk.lu/aktiviteit/58

Don | Parrainage

ënnerstëtzt och dir de Projet

Formular fir een Don

Dat as ee festen Betrag vu Geld

Ech machen en Don

Formular fir een Parrainage

Dir ënnerstëtzt en bestëmmten Coureur mat engem Betrag pro 10km oder engem fixen Betrag

Ech machen Parrainage

Donnéen fir d’Iwwerweisung

Swift Code (BIC): BGLLLULL
IBAN LU08 0030 0861 5351 0000
Référence bäi engem Don:
Don Velo + ären Numm
Référence bäi engem Parrainage:
Par “Numm vum Coureur” Velo + ären Numm

Sponsor AELK

All eis Sponsoren

Sponsor Vëlosheemrees

Parcour

Vëlosheemrees fun Karlsruhe op Lëtzebuerg 250km an 5 Etapen

1. Etapp (58 km)

Karlsruhe - Rumbach

2. Etapp (49 km)

Rumbach - Hornbach

3. Etapp (35 km)

Hornbach - Fechingen

4. Etapp (41 km)

Rehlingen - Réimech

5. Etapp (27 km)

Réimech - Luxemburg


GPX Datei KMZ Datei



Geff Coureur

Klamm moies fréi um 5 Auer zu Karlsruhe mat op den Velo

Infos zum Parcours Umellen (closed)